games

Jun 15 21:07

Zelda: Skyward Sword

Fuck, yeah!

Jun 08 10:05

Zelda II in 3D

link3d.png

Iergendeen verréckten Typ um Internet huet aus dem NES Klassiker ZELDA II (man ech vermessen déi gëllen Kassetten) een 3D FPS gemeet. Dat Ganzt léisst sech hei per Browser spillen, mat hëllef vum Unity Plug-In. Video nom Sprong:

May 12 11:34

Humble Indie Bundle

humbleindiebundle.jpg

Den Humble Indie Bundle ass eng Collectioun vun 6 exzellenten Indie-Spiller an dat bescht ass, et kann een dofir bezuelen wat ee well!

hercore.png

Hero Core ass eng sexcellent monochromatesch Mixtur aus Metroid an Jetpacks. An wéi mer wëssen ass alles besser mat Jetpacks, ALLES! Den Retro-Look ass e bëssi hardcore, mä als old-school Gamer dierft dat kee Problem sinn. Nieft engem normalen Modus gëtt et nach en schwieren Modus an dann, nach méi en schwéieren Modus plus, wann ee Loscht huet, eng zoufälleg generéiert Spillwelt. Erstaunlech wat heiansdo alles an 2,5mb erapassen.

Trailer:

Apr 04 20:03

Dwarf Fortress 0.31.01

dwarffortress.png

Yay, déi nei Versioun vun Dwarf Fortress ass do. Nieft e puer Bugfixes, ginn et elo e puer nei Bugs, mä dofir kritt een awer och elo en neien Ennergrond-System mat neien, epeschen Monsteren, déi et ze bekämpfen gëllt, souwéi en Health-Care System fir seng verwonnt Zwergen nees opzepeppelen an een neien Military System fir dass se sech och nees verwonnen kennen. Hei sinn e puer highlights aus der changelog:

deskdungeons.png

Desktop Dungeons ass een flotten rogue-like dungeoncrawler fir tëschenduerch. Den Prinzip ass, wéi bei all rogue-like, sech duerch een zoufälleg generéierten Dungeon ze kämpfen, méi staark ze ginn, Items ze sammelen an den Level ze packen. Desktop Dungeons kennt allerdéngs mat engem klengen Twist...

Mar 02 01:56

Starcraft II

starcraftii.jpg

Dir wëllt Starcraft II spillen, gehéiert awer net zu deenen wéinegen Glécklechen, déi an d'Beta agelueden goufen? Keen Problem, ech verroden iech, wéi een mam Beta-Client géint den Computer kann spillen. Méi dozou nom Sprong:

Syndicate content