Et ass scho bal Traditioun den neien Dokter ze haassen, nach ier en iwwerhaapt säin éischten Optrëtt hat. Mam Matt Smith, dem 11 Dokter, war et net anescht. Nodeems den villverspriechenden Christopher Eccleston vill ze kuerz do war, fir e richteg kennen ze léieren, huet den David Tennant als 10 Dokter d'Roll iwwerholl. Den Tennant huet tëschent 2005 an 2010 eng brillant Performance ofgeliwwert an ass och prompt zu engem vun den beléifstensten Reinkarnatiounen vum Dokter avancéiert. Den Matt Smith huet also vill Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschten.