Een Artikel fir sokrates.lu:
Statsprozeduren u sech sinn schon eng komplizéiert Affär, wann dann awer nach Verfassungsännerungen, Euthanasie-Gesetzer, en Veto vum Grand-Duc an en Referendum an d'Spill kommen, dann gëtt déi Saach nach vill méi oniwwersiichtlech. Net nëmmen d'Prozeduren mussen genau agehalen ginn, mä och d'Terminer.
Sou mussen Gesetzer, déi an der Chamber gestemmt goufen, spéitstens no 3 Méint a Kraaft triede kennen. Dat heescht am Fall vum Euthanasie-Gesetz, dat den 18.12.08 gestemmt gouf, dass et spéitstens den 18.03.09 an d'Gesetzbuch muss opgeholl gi.
Verfassungsännerungen par Conter mussen an zwee Liesungen gestemmt ginn.